News:
Dem Katie geeschteren ëmmer déiselwecht Gedanken duerch de Kapp: De Bopa Mill an de Luke Lumps bueden 1964 am faarwege Waasser … d‘Trauerweid léisst hir Äscht a Blieder iwwert de Séi hänken … déif ënne läit e Geheimnis …
Mat senge beschte Frënn an der Vakanz sinn, do wou d'Sonn schéngt. wou eng eege Schwämm am Gaart ass, dat ass jo wonnerschéin. Mä nëmme bis e Geescht nuets Kaméidi schléit. Et gi jo awer keng Geeschter. Oder dach ... E Krimi fir Kanner mat Illustratioune vum Roald Weinstock
Déi véier Kanner si bei de Grousselteren um Duerf an der Vakanz. An der Baach fanne si doudeg Fësch an ee Faass, wou Gëft dran ass. Soll déi nei Firma eppes dermat ze dinn hunn... E Krimi fir Kanner mat Illustratiounen vum Roald Weinstock
Dëst ass d'Geschicht vun engem Schatz, deen op engem Späicher verstoppt ass. Et ass awer och d'Geschicht vu véier Frënn, déi e spannend Erliefnis hunn.E Krimi fir Kanner.
De Steve kritt fir säi Gebuertsdag e Vëlo geschenkt.Mä schonn den Dag drop kritt en en aus dem gespaarte Schoulkeller eraus geklaut! Hien a seng Frënn maache sech op d'Sich... E Krimi fir Kanner mat Illustratioune vum Roald Weinstock Säiten: 56
Eng Hexegeschicht fir Kanner. Mat Zeechnungen vum Muriel Moritz. Säiten: 138
Reimgeschichte fir Kanner, mat Biller vum Klaudia Kampa. Säiten: 128
E Krimi fir Kanner. Mat Illustratioune vum Raold Weinstock. De Steve, de Pol an de Pascal gi mat der Musik an der Kavalkad mat. D'Sarah muss eleng an der Bomi hirem Haus bleiwen. Do gesäit hatt, wéi verkleete Fuesgecken an d'Nopeschhaus abriechen... Seiten: 50
Eng Geschicht fir Kanner mat Biller vu R. Bradley Owen. Musekalesch Adaptatioun: Albena Petrovic-Vratchanska no enger griichescher Melodie. Säiten: 136
Musek fir Piano: Albena Petrovic-Vratchanska. Zeechnongen: Catrin Raber.Mat CD. Säiten: 72
Geschichte fir Kanner. Mat Biller vum Roger Manderscheid. Säiten: 160
Geschichte fir KannerMat Biller vum Klaudia Kampa. Säiten: 144