Dëst ass d'Geschicht vun engem Schatz, deen op engem Späicher verstoppt ass. Et ass awer och d'Geschicht vu véier Frënn, déi e spannend Erliefnis hunn.E Krimi fir Kanner.
Op engem schéine Summerdag zu Lasauvage gëtt de Blacky vun der Wëller Fra entfouert. De Kanner bleift soss näischt iwwereg, ewéi hiren Hond ze sichen. Si kucken iwwerall. Och do, wou et ganz geféierlech ass.
E Krimi fir Kanner. Mat Illustratioune vum Raold Weinstock. De Steve, de Pol an de Pascal gi mat der Musik an der Kavalkad mat. D'Sarah muss eleng an der Bomi hirem Haus bleiwen. Do gesäit hatt, wéi verkleete Fuesgecken an d'Nopeschhaus abriechen... Seiten: 50
De Steve kritt fir säi Gebuertsdag e Vëlo geschenkt.Mä schonn den Dag drop kritt en en aus dem gespaarte Schoulkeller eraus geklaut! Hien a seng Frënn maache sech op d'Sich... E Krimi fir Kanner mat Illustratioune vum Roald Weinstock Säiten: 56
Déi véier Kanner si bei de Grousselteren um Duerf an der Vakanz. An der Baach fanne si doudeg Fësch an ee Faass, wou Gëft dran ass. Soll déi nei Firma eppes dermat ze dinn hunn... E Krimi fir Kanner mat Illustratiounen vum Roald Weinstock
Mat senge beschte Frënn an der Vakanz sinn, do wou d'Sonn schéngt. wou eng eege Schwämm am Gaart ass, dat ass jo wonnerschéin. Mä nëmme bis e Geescht nuets Kaméidi schléit. Et gi jo awer keng Geeschter. Oder dach ... E Krimi fir Kanner mat Illustratioune vum Roald Weinstock
Bei Geleeënheet vun der Aweiung vun der Gemengebibliothéik schreiwen a molen d’Schoulkanner Geschichten, déi an engem Buch gedréckt ginn. Dat Buch ka jiddwereen an der neier Bibliothéik ausléinen. Bis e Feier ausbrécht... 48 pages