Nema proizvoda
Dëst ass d‘Geschicht vun der Pohutukaw-Eil.Eng kleng, geheimnisvoll Eil, déi e groussen, rouden, muussege Kapp an e grénge Kierper huet. D‘Pohutukaw-Eil huet eng Erausfuerderung: Si ass fuerchtbar virwëtzeg, mä hält sech am léifsten ëmmer verstoppt. Klickt hei, fir déi englesch Ausgab vum Buch ze kafen
Op engem schéine Summerdag zu Lasauvage gëtt de Blacky vun der Wëller Fra entfouert. De Kanner bleift soss näischt iwwereg, ewéi hiren Hond ze sichen. Si kucken iwwerall. Och do, wou et ganz geféierlech ass.
Dem Katie geeschteren ëmmer déiselwecht Gedanken duerch de Kapp: De Bopa Mill an de Luke Lumps bueden 1964 am faarwege Waasser … d‘Trauerweid léisst hir Äscht a Blieder iwwert de Séi hänken … déif ënne läit e Geheimnis …
Mat senge beschte Frënn an der Vakanz sinn, do wou d'Sonn schéngt. wou eng eege Schwämm am Gaart ass, dat ass jo wonnerschéin. Mä nëmme bis e Geescht nuets Kaméidi schléit. Et gi jo awer keng Geeschter. Oder dach ... E Krimi fir Kanner mat Illustratioune vum Roald Weinstock
Déi véier Kanner si bei de Grousselteren um Duerf an der Vakanz. An der Baach fanne si doudeg Fësch an ee Faass, wou Gëft dran ass. Soll déi nei Firma eppes dermat ze dinn hunn... E Krimi fir Kanner mat Illustratiounen vum Roald Weinstock
De Steve kritt fir säi Gebuertsdag e Vëlo geschenkt.Mä schonn den Dag drop kritt en en aus dem gespaarte Schoulkeller eraus geklaut! Hien a seng Frënn maache sech op d'Sich... E Krimi fir Kanner mat Illustratioune vum Roald Weinstock Säiten: 56
Eng Hexegeschicht fir Kanner. Mat Zeechnungen vum Muriel Moritz. Säiten: 138
Reimgeschichte fir Kanner, mat Biller vum Klaudia Kampa. Säiten: 128