101 DINOen an alles, wat s Du iwwer si wëss muss!

19,00  TTC

ISBN 978-2-919818-77-8

Alexandra Helm & Ruby van der Bogen

Wousst Du, dass e puer Dinosaurier sou grouss waren ewéi en Héichhaus, an aner esou kleng, dass se an Deng Hand gepasst hätten? Dass den T.rex-Bëbee, nodeems en ausgaangen ass, engem Hénger-Jippelche geglach huet? An dass Du nach haut en Dino-Kacka bestaune kanns?

An dësem Buch léiers Du (bal) alles iwwer d’Dinosaurier: Firwat dass sech verschidden Dinoen ni begéint sinn, wat hiert Liblingsiesse war, wie mat den Dinoen nach Famill ass, a wéi et wier, sech mat engem Dinosaurier unzefrënnen.
101 grouss a kleng, geféierlech a butzeg, schuppesch a muusseg Dinosaurier wimmelen duerch d’Illustratioune vum Alexandra Helm!
Awer vläicht sinn et der souguer méi. En dinostaarkt Billerbuch gefëllt mat erstaunlechen a spannende Fakten vun der Dino-Frëndin Ruby van der Bogen.