Präis fir d’Viviane Daman
D’Gemeng Leideleng huet eng Rei Auteuren an Auteurinnen an d’Schoulklassen agelueden, fir aus hire Bicher virzeliesen a mat de Kanner iwwert den Text ze diskutéieren.
No enger Rei vu Virliesunge konnten d’Kanner du bestëmmen, wéi ee Buch hinnen am Beschte gefall huet.
De Cycle 3 huet sech fir d’Buch “Kanner, Gecken an zwee Abriecher” entscheet, e spannende Krimi fir Kanner.